LEKTIOUN 49
Als bestuete Koppel glécklech sinn
Wann ee frësch bestuet ass, dann hofft een, datt ee fir ëmmer zesumme glécklech ass. Ass dat méiglech? Jo! Vill Koppelen, déi scho laang bestuet sinn an alles drugesat hunn, de Rot aus der Bibel ëmzesetzen, kënnen dat bestätegen.
1. Wat fir e Rot gëtt d’Bibel engem Mann, dee bestuet ass?
Jehova huet dem Mann d’Verantwortung fir d’Famill iwwerdroen. (Lies Epheser 5:23.) Jehova erwaart vun him, datt hien Entscheedungen trëfft, déi gutt fir d’Famill sinn. D’Bibel réit bestuete Männer: „Liebt eure Frauen weiterhin“ (Epheser 5:25). Wat bedeit dat an der Praxis? E Mann soll ëmmer léif a frëndlech mat senger Fra sinn, egal ob si eleng sinn oder mat aneren zesumme sinn. Hie suergt fir hir Sécherheet a gëtt hie dat, wat si materiell an emotional brauch (1. Timotheus 5:8). A virun allem hëlleft hie senger Fra, staark am Glawen ze bleiwen (Matthäus 4:4). Hie liest zum Beispill mat hir an der Bibel a biet mat hir. Wann e Mann sech léif ëm seng Fra këmmert, ass dat och gutt fir säi Verhältnes zu Jehova. (Lies 1. Petrus 3:7.)
2. Wat fir e Rot gëtt d’Bibel enger Fra, déi bestuet ass?
D’Bibel seet: „Die Frau [soll] großen Respekt vor ihrem Mann haben“ (Epheser 5:33). Wéi ka si dat maachen? Si ka bewosst iwwer déi gutt Eegenschafte vun hirem Mann nodenken an doriwwer, wat hien alles fir si an d’Kanner mécht. Si weist och Respekt, wann si seng Entscheedungen ënnerstëtzt, léif mat him ass a gutt iwwer hie schwätzt, och wann hire Mann Jehova net déngt.
3. Wéi kann een als bestuete Koppel fest zesummenhalen?
D’Bibel seet iwwer bestuete Koppelen: „Die beiden werden eins sein“ (Matthäus 19:5). Fir datt dat esou bleift, mussen si alles drusetzen, fir sech net auserneenzeliewen. Dofir sollen si reegelméisseg Zäit matenee verbréngen a ganz oppen doriwwer schwätzen, wat si denken a fillen. Ausser Jehova, soll näischt a kee méi wichteg sinn ewéi hire Partner. Si passe besonnesch dorop op, datt sech keng onpassend Frëndschaft mat engem aneren entwéckelt.
AN DEN DETAIL GOEN
Vu wéi enge bibelesche Prinzippie kann däi Bestietnes profitéieren?
4. Männer – hutt är Fra gär a suergt fir si
D’Bibel seet, datt d’Männer hir Fra sollen esou gär hunn ewéi hiren eegene Kierper (Epheser 5:28, 29). Wat ass domat gemengt? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
-
Wéi kann e Mann weisen, datt hien seng Fra gär huet a fir si suergt?
Kolosser 3:12 liesen. Dozou dës Fro:
-
Wéi kann e Mann dës Eegenschaften an sengem Bestietnes weisen?
5. Fraen – hutt äre Mann gär a respektéiert hien
D’Bibel fuerdert d’Fraen dozou op, hire Mann ze respektéieren – egal ob hie Jehova déngt oder net. 1. Petrus 3:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:
-
Wann däi Mann Jehova nach net déngt, géifs du dech bestëmmt freeën, wann hie Jehova och ubiede géif. Wat bewierkt méi – him dauernd ze priedegen oder gedëlleg ze sinn a léif a respektvoll mat him ëmzegoen? Firwat denks du esou?
Als Koppel kann een zesumme gutt Entscheedungen treffen. Et kann awer virkommen, datt d’Fra eng aner Meenung huet ewéi hire Mann. Dann ass et gutt, wann si roueg a respektvoll 1. Petrus 3:3-5 liesen. Dozou dës Fro:
erkläert, wéi si d’Saach gesäit. Si soll sech awer bewosst sinn, datt Jehova hirem Mann d’Verantwortung iwwerdroen huet ze entscheeden, wat fir d’Famill am beschten ass. Wann si hiert Bescht mécht, fir seng Entscheedung ze ënnerstëtzen, dréit dat doheem zu enger gudder Atmosphär bäi.-
Wéi beréiert et Jehova, wann eng Fra hire Mann respektéiert?
6. Problemer zesumme léisen
Kee Bestietnes ass perfekt. Wa Problemer opkommen, sollt een si zesumme léisen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:
-
U wat konnt ee gesinn, datt déi zwee sech auserneegelieft haten?
-
Wat hunn si gemaach, fir erëm zesummenzefannen?
1. Korinther 10:24 a Kolosser 3:13 liesen. Zu all Vers dës Fro:
-
Wéi kann dëse Rot d’Bestietnes méi stabil maachen?
D’Bibel fuerdert eis op, een deen aneren ze éieren – also frëndlech a respektvoll ze sinn. Römer 12:10 liesen. Dozou dës Froen:
-
Soll een dorop waarden, datt deen aneren d’Initiativ ergräift? Firwat oder firwat net?
WANN EE SEET: „Mir hunn eis auserneegelieft.“
-
Wéi géifs du erklären, datt d’Bibel dann hëllefe kann?
FAZIT
Mann a Fra sinn am Bestietnes glécklech, wann si sech gär hunn, sech respektéieren an sech u bibelesch Prinzippien halen.
Réckbléck
-
Wéi kann de Mann zu engem gudde Bestietnes bäidroen?
-
Wéi kann d’Fra zu engem gudde Bestietnes bäidroen?
-
Wann s du bestuet bass: Wat fir e bibelesche Prinzip wëlls du an dengem Bestietnes ëmsetzen?
MÉI GEWUER GINN
Praktesch Tipps fir eng glécklech Famill.
Dëse Museksvideo weist, wéi sech bibelesch Prinzippie gutt op d’Bestietnes auswierken.
Wéi ass d’Ausso an der Bibel ze verstoen, datt de Mann d’Haapt vun der Fra ass?
„Wat fir gutt Grënn ginn et fir Fraen, sech ënnerzeuerdnen?“ (Der Wachtturm, 15. Mai 2010)
Wéi konnt eng Koppel grouss Problemer, wouzou och hir Scheedung gehéiert huet, iwwerwannen?
Mir hunn eist Bestietnes mat Gott senger Hëllef nei opgebaut (5:14)