Jehova – eis Freed
Eroflueden:
1. Um Himmel dausend Stäre blénken
hell an der Nuecht.
Aus Léift hues du dir alles hei
sou schéin ausgeduecht.
De Mound, den Himmel, d’Mier an d’Land
sou wonnerbar aus denger Hand,
huet dech frou gemaach!
(CHORUS)
Gëss eis Freed an hues eis sou gär.
Schenks eng Zukunft ouni Misär.
Virun eis läit d’Paradis!
Awer deng Léift léisst eis liewen
a fir ëmmer mir si spieren.
Eise Gott an och eis Freed –
an dat fir d’Éiwegkeet!
2. Jehova, wat mir brauche
gëss du eis fir all Dag.
Ze héi’re, fillen a gesinn
si mir an der Lag.
Hues an all Häerz de Wonsch matginn,
fir ëmmer dir ganz no ze sinn.
Hues eis frou gemaach!
(CHORUS)
Gëss eis Freed an hues eis sou gär.
Schenks eng Zukunft ouni Misär.
Virun eis läit d’Paradis!
Awer deng Léift léisst eis liewen
a fir ëmmer mir si spieren.
Eise Gott an och eis Freed –
an dat fir d’Éiwegkeet!
(BRIDGE)
Däi Jong wollt fir eis stierwen
an e schwéi’re Wee go’n.
En héije Präiss, dee mécht eis fräi
Fir ëmmer dës Freed bleift besto’n!
(CHORUS)
Gëss eis Freed an hues eis sou gär.
Schenks eng Zukunft ouni Misär.
Virun eis läit d’Paradis!
Awer deng Léift léisst eis liewen
a fir ëmmer mir si spieren.
Eise Gott an och eis Freed –
an dat fir d’Éiwegkeet!
(CHORUS)
Gëss eis Freed an hues eis sou gär.
Schenks eng Zukunft ouni Misär.
Virun eis läit d’Paradis!
Awer deng Léift léisst eis liewen
a fir ëmmer mir si spieren.
Eise Gott an och eis Freed –
an dat fir d’Éiwegkeet!
(Dozou och Ps. 37:4; 1. Kor. 15:28.)