Wéini kënnt d’Enn? Wat Jesus sot
Am leschten Artikel hu mir gesinn, datt d’Bibel mam Enn vun der Welt net d’Enn vun der Äerd oder der Mënschheet mengt. Villméi mengt si domat d’Enn vun deem aktuelle korrupte System a vun deenen, déi en ënnerstëtzen. Seet d’Bibel dann och eppes doriwwer, wéini dëst Enn kënnt?
ZWOU AUSSOE VU JESUS IWWER D’ENN:
„Bleibt deshalb wachsam, denn ihr kennt weder den Tag noch die Stunde“ (MATTHÄUS 25:13)
„Haltet ständig Ausschau, bleibt wach, denn ihr kennt den Zeitpunkt nicht“ (MARKUS 13:33)
Kee vun eis weess also genee, wéini d’Enn kënnt. Awer Gott huet den „Zäitpunkt“ – de geneeën „Dag an d’Stonn“ – scho festgeluecht (Matthäus 24:36). Heescht dat, datt mir net wësse kënnen, ob d’Enn nobäi ass? Dach. Jesus huet nämlech erkläert, wourun een et erkenne kann.
D’ZEECHEN
Jesus huet eng Rei vun Evenementer virausgesot: „Eng Natioun erhieft sech nämlech géint eng aner Natioun an ee Kinnekräich géint en anert Kinnekräich. Op verschidde Plaze ginn et Hongersnéit, Epidemien an Äerdbiewen“ (Matthäus 24:7; Lukas 21:11, BFL). Alles dat ass d’Zeeche fir den „Ofschloss vum Weltsystem“ (Matthäus 24:3). Gesitt Dir hautdesdaags déi Evenementer, déi Jesus prophezeit huet?
Katastrophal Kricher, Hongersnéit, Äerdbiewen a schlëmm Krankheeten hunn eis Welt komplett op d’Kopp geheit. 2004 zum Beispill huet e massiivt Äerdbiewen am Indeschen Ozean en Tsunami ausgeléist, bei deem ronn 225.000 Mënsche gestuerwe sinn. Bannent dräi Joer huet de Corona-Virus zirka 6,9 Millioune Mënscheliewe kascht. Jesus sot, datt d’Enn vum System nobäi ass, wann dës Saache geschéien.
DÉI LESCHT DEEG
D’Bibel nennt déi kuerz Zäit virum Enn déi lescht Deeg (2. Petrus 3:3, 4). A wéi am 2. Timotheus 3:1-5 gewise gëtt, géif et an deene leschten Deeg e Verfall vun de moralesche Wäerter ginn. (Kuckt heizou d’Këscht „ D’Zäit kuerz virum Enn“.) Ass haut net ze gesinn, datt Leit egoistesch, giereg, brutal an ouni Léift sinn? Och dat ass e Beweis, datt mir an der Zäit kuerz virum Enn liewen.
Wéi laang daueren dës lescht Deeg? Der Bibel no bleift „just nach wéineg Zäit.“ Da vernicht Gott déi, „déi d’Äerd zerstéieren“ (Offenbarung 11:15-18; 12:12, BFL).
ENG PARADISESCH ÄERD – GESCHWËNN!
Gott huet den Dag an d’Stonn scho festgeluecht, wou dëse schlechte System ophält (Matthäus 24:36). Et ginn nach méi gutt Noriichten. Gott wëll net, datt „iergendee vernicht gëtt“ (2. Petrus 3:9). Hie gëtt also jiddwerengem d’Méiglechkeet, no senge Moossstief ze liewen. Firwat? Hie wëll, datt mir d’Enn vun der Welt iwwerliewen, fir dann a senger neier Welt, engem Paradis, ze liewen.
Gott huet fir e weltwäite Léierprogramm gesuergt, deen eis hëlleft, an där neier Welt ze liewen. Wéi Jesus virausgesot huet, géif déi gutt Noriicht vum Kinnekräich „uechter d’ganz Welt verkënnegt“ ginn (Matthäus 24:14, BFL). Zeie vu Jehova setze weltwäit Milliarde vu Stonnen an, fir mat aneren iwwer déi gutt Noriicht ze schwätzen. Jesus sot, datt dëst Priedegtwierk nach virum Enn géif duerchgefouert ginn.
D’Zäit vun de mënschleche Regierungen ass bal ofgelaf. Déi gutt Noriicht ass awer, datt jiddwereen d’Enn vun der Welt iwwerliewe kann, fir ze gesinn, wéi Gott seng Verspriechen erfëllt. Am nächsten Artikel gi mir gewuer, wat ee maache muss, fir a Gott senger neier Welt ze liewen.
Wat Jesus iwwer déi lescht Deeg virausgesot huet, gëtt eis Hoffnung